Donnerstag, 28 March 2024
  • '
    '

    CISLAC

    Mer ginn vir Eech duerch d'Feier!

  • '
    '

    First Responder

    Séier a kompetent Hëllef vir d'Leit aus der Stauséigemeng & Ëmgéigend

  • '
    '

    Technesch Hëllef-Leeschtung

    Mer hëllefen bei Accident, Ongléck a Gefor. Doheem an Ënnerwee.

  • '
    '

    Brandschutz

    Virbeugen ier et ze spéit ass! Trainéieren vir den Eeschtfall!

  • '
    '

    Jugendpompjeeën

    Entente Jugendpompjeeën Uewersauer - Eis Zukunft!

A+ R A-

Historique

De Corps Béiwen-Mecher

Am Joer 1907 sinn déi Béiwener Pompjeeë gegrënnt ginn. An den Ufanksjoeren hunn 37 Awunner Interessi gehat fir mat ze schaffen. Am Joer 1912 huet d'Gemeng de Pompjeeën eng Hand-Feiersprëtz ugeschaaft, déi dunn 1955 duerch eng Motorspompel ersat ginn ass. Ob Wonsch vun de Matbierger sinn 1976, 10 Awunner vu Mecher bäigetrueden, an den Numm vum Corps gouf op "Béiwen-Mecher" geännert.

 

De Corps Kauneref-Léifreg

No deene schroe Bränn zu Kauneref, no dem 1ten Weltkrich an den 20er Joeren, bei deenen et vill Doudeger ze bekloe gouf, hunn sech déi deemoleg Gemengepäpp, virun allem de Schäffe Lorang, Gedanke gemaach vir ee Läschweesen zu Kauneref ze Organiséieren.

Et war de 15. Mäerz 1927 wéi de Comité vum Lokalveräin zu enger Versammlungvu Männlechen Awunner aberuff huet. 32 Memberen hunn sech dunn an déi Aktiv Memberslëscht agedroen. Direkt am Grënnungsjoer huet d'Gemeng dem Kaunerefer Corps eng Handpompel kaaft. 1951 ass déi duerch eng Motorspompel ersat ginn.

1968 sinn déi Léifreger Kollegen dozou gestouss, an de Corps krut den Numm "Kauneref-Léifreg".

 

De Corps Noutem

1958 ass de Corps Noutem gegrënnt ginn, dëst mat 19 Grënnungsmemberen. Schonns am Grënnungsjoer hunn d'Pompjeeë missen déi éischt Bewährungsprouf bestoen. Bei Clement an der Kaunereferstrooss huet den Daachstull gebrannt. Bemerkenswäert ass awer dass dëse Brand nach mat Eemere geläscht ginn ass déi vu Mann zu Mann weidergeleet gi sinn. D'Pompjeeë vu Béiwen an Kauneref hunn hinne beim Läsche gehollef.

Am Joer 1959 hunn se dat éischt Material kritt. Et hutt sech em een oppenen, zweeräderige Schlauchwoon mat 2 Standréier, 20 C-Schläich, 3 C-Lanzen an enger zweedeeleger Leeder gehandelt.

 

Fusioun, Grënnung vun der Sektioun Béiwen

Am Joer 2005 hunn déi 3 Pompjeescorpse beschloss vir méi enk zesummen ze schaffen. Nodeems dëst gutt funktionéiert hutt gouf am Joer 2007 eng gemeinsam Organisatiounsstruktur geschaaft an am Joer 2008 d'Fusioun an d'Weeër geleet. Am Joer 2010 gouf d'Grënnung vum neie Corps, deen ab deem Ament "Pompjeeë Stauséigemeng, Sektioun Béiwen" heescht, ofgeschloss. Am Joer 2013 gouf dunn nach den neie Fändel presentéiert a feierlech ageweit.

 

De Corps Harel

Eng exakt Chronik vun den Hareler Pompjeeën néier ze schreiwen ass, wéint dem Feelen un Zeien, onméiglech. Fréier gouf manner Wäert op d'schrëftlech Festhale vun Asätz an aneren Ereegnisser geluecht. Aner Dokumenter sinn der Zerstéierung duerch d'Zäit zum Affer gefall. Niewent e puer Hiweiser aus de Par- a Gemengeregister, gouf och op mëndlech Aussoe vun eelere Memberen aus dem Veräin zréck gegraff.

Schonn eng Zäit virun der Grënnung vun de Pompjeeën hat d'Gemeng eng Pompjeespompel déi säit 1852 an engem Schapp bei der Schoul stoung.

Zu där Zäit gouf et vill Bränn. E Beispill ass d'Brandkatastrof vun 1864. Doriwwer soen Artikelen aus dem Luxemburger Wort folgendes:

"HARLINGEN. Wen der Herr lieb hat, den sucht er heim. Das ist an diesem Morgen das alleinige Lösungswort, so wie  auch der einzige Trost aller unserer gestern Abend durch eine große Feuerbrunst heimgesuchten Einwohner. Unser Dorf bietet zu dieser Stunde einen grausenden Anblick dar. Von elf Behausungen und zwei Scheunen ist nichts mehr, als die schwarzen Gemäuer und einige verkohlten Balken zu sehen.  Von Hausmöbeln wurde nichts oder doch gar wenig gerettet, da gerade zur Zeit des Feuerausbruches alle Leute auf dem Felde beschäftigt waren. Das Traurigste des ganzen Unglücks ist jedoch, dass keine der abgebrannten Häuser  versichert ist und somit die armen Leute was den Wiederaufbau betrifft, auf ihre eigenen Kräfte angewiesen sind. Bis jetzt ist die Ursache des Brandunglücks unbekannt, da hierüber verschiedene Gerüchten kursieren. Jedoch soll auch hier wie gewöhnlich, Unklugheit und Unvorsichtigkeit allem Unglücke zu Grunde liegen. Besonderen Dank verdienen unsere Nachbarn von Syr und Ieschpelt, mit deren schleunigen und ausdauernden Hilfe wir nach mehreren Stunden im Stande waren, dem unheilvollen Element ein Halt zu tun. Jedermann hat sich durch Mut und Kühnheit hervorgetan, eine besondere Ehrenmeldung verdienen aber wohl die Herren Ger. Piron, Joh. H. Mertz, Jos Philippe, D. Klein, Joh. Wiltgen und Joh. Roulling, durch deren Unerschrockenheit Kirche und Pfarrhaus, deren Dachwerk schon Feuer gefangen hatte, unversehrt erhalten wurden."

Den 20. Juli 1864 schreift d'Luxemburger Wort dunn:

"Von der vier Tage vorher abgehaltenen gerichtlichen Untersuchung. « Durch die gestern (16. Juli) hier stattgefundene Untersuchung des Bezirksgerichtes hat sich herausgestellt, dass unser Brandunglück der Unbesonnenheit zweier unzurechnungsfähigen  Knaben zuzuschreiben ist. Es hatte nämlich der jüngere der beiden zu Hause einige Streichhölzer entwendet, vermittels deren er unter Hilfe seines Gespielen an dem Giebel des Nachbarn ein Feuer anzündete. Durch die übergroße Trockenheit fing das Dach an den aufsteigenden Fünkchen Feuer und verbreitete sich in einem Nu über zehn Häuser. Der Schaden taxiert man auf 35-40000 Franken. Milde Beiträge an unsere armen Obdachlosen würden mit Dank empfangen werden."

Wahrscheinlech ass et déi Katastroph déi zur Grënnung vun de fräiwëllege Pompjeeë vun Harel am Joer 1877 gefouert hutt.

De Centre d'Incendie et de Secours de la Commune du Lac de la Haute-Sûre

Am Virfeld vun der nationaler Reform am Rettungswiesen hunn déi 2 Corpsen aus der Stauséigemeng, deemno Harel a Béiwen, beschloss d'Zesummenaarbecht op en neie Level ze hiewen an dofir an Zukunft just nach als 1 Corps ze funktionéieren.

Während dem Joer 2015 ass en Organisatiounscomité gegrënnt ginn. An enger Membereversammlung am Januar 2016 krut dëse Comité dunn gréng Luucht vir nei Statuten opzesetzen.

De 7. Mee 2016 gouf d'Grënnungsversammlung zu Béiwen am Centre Culturel ofgehal. D'Statute goufe gutt gehal, den neie Comité gouf gewielt an domat de Centre d'Incendie et de Secours de la Commune du Lac de la Haute-Sûre, kuerz CISLAC gegrënnt.

CISLAC Extranet

Angemeldet bleiben

       

Wir nutzen Cookies auf unserer Website. Einige von ihnen sind essenziell für den Betrieb der Seite, während andere uns helfen, diese Website und die Nutzererfahrung zu verbessern (Tracking Cookies). Sie können selbst entscheiden, ob Sie die Cookies zulassen möchten. Bitte beachten Sie, dass bei einer Ablehnung womöglich nicht mehr alle Funktionalitäten der Seite zur Verfügung stehen.