Samstag, 03 May 2025
  • '
    '

    CISLAC

    Mer ginn vir Eech duerch d'Feier!

  • '
    '

    First Responder

    Séier a kompetent Hëllef vir d'Leit aus der Stauséigemeng & Ëmgéigend

  • '
    '

    Technesch Hëllef-Leeschtung

    Mer hëllefen bei Accident, Ongléck a Gefor. Doheem an Ënnerwee.

  • '
    '

    Brandschutz

    Virbeugen ier et ze spéit ass! Trainéieren vir den Eeschtfall!

  • '
    '

    Jugendpompjeeën

    Entente Jugendpompjeeën Uewersauer - Eis Zukunft!

A+ R A-

News

Feierläscher-Kontroll 2017

  • Veröffentlicht: Dienstag, 13. June 2017 10:59
  • Zugriffe: 2016

Dëst Joer organiséiert de CISLAC eng Feierläscher-Kontroll.
- Äre Feierläscher muss kontrolléiert ginn?
- Der braucht en neie Feierläscher, eng Feierläschdecken oder e Rauchmelder?
Dann ass lo de Moment! Kuckt Eech de Flyer hei ënnendrënner un vir weider Detailer.

Der kënnt Ären neie Feierläscher, Feierläschdecken oder Rauchmelder och direkt online bestellen! Einfach hei klicken.

 

Feierlaescher Kontroll 2017 01

Brand an Drécks-Container

  • Veröffentlicht: Sonntag, 11. June 2017 22:09
  • Zugriffe: 2454

E Sonndeg, den 11. Juni 2017, stoung am spéiden Nomëtteg en Drécks-Container bei der Plage zu Léifreg a Brand. Ausléiser ware wuel Grillkuelen déi am Container entsuergt goufen ier se ganz ofgekillt waren. Beim Brand ass keen verletzt ginn, de Materialschued hält sech, wéinst dem séieren Agräifen vum CISLAC, a Grenzen.

 

 Asaatz-Stéchwuert:  B1
 Asaatz-Platz:  LIEFRANGE, Plage, Yacht-Club
 Mannschaftsstäerkt:  11
 Asaatz-Mëttel:  picto tlfa21 picto lf11 picto gw11 picto mtw1
 Ënnerstëtzung:  Police Grand-Ducale

 

 2017061101

2017061102

Velo géint Auto

  • Veröffentlicht: Samstag, 27. May 2017 17:31
  • Zugriffe: 1687

De 27.05.2017, um Samschdeg Moien, war et e gemeinsamen Asaatz vir d'Pompjeeën an d'First Responder vum CISLAC. Op der N26, vu Béiwen op de Schumann's-Eck erop war et zu engem Zesummestouss tëschent engem Vëlo an engem Auto komm. De Vëlosfuerer ass beim Accident verletzt ginn a koum mat der Ambulanz an d'Klinik.

Op der Platz: TLFA21 / LF11 / Ambulanz Wolz / Police

 

Auto iwwerschléit sech

  • Veröffentlicht: Samstag, 10. June 2017 18:38
  • Zugriffe: 2503

E Samschden, den 09. Juni 2017 huet sech géint 15:30 Auer en Auto iwwerschloe wéi en op der N12, tëschent Bitscht a Wolz, an de Summerwee geroden ass.
D'Equipe vum CISLAC huet d'Accident's-Platz oofgeséchert a gebotzt.

 

 Asaatz-Stéchwuert:  VU2
 Asaatz-Platz:  N12, BÜDERSCHEID - WILTZ
 Mannschaftsstäerkt:  7
 Asaatz-Mëttel:  picto tlfa21 picto lf11 picto gw11
 Ënnerstëtzung:

 Police Grand-Ducale
 Ambulanz

 

 

Motorradsaccident Schumann - Béiwen

  • Veröffentlicht: Sonntag, 21. May 2017 18:48
  • Zugriffe: 3192

Géint 16:15 Auer ass et op der N26, der Streck tëschent dem Schumann's-Eck a Béiwen, zu engem Motorradsaccident komm. De Chauffeur ass heibäi blesséiert ginn an koum mam Rettungshelikopter an d'Klinik.

Op der Platz: TLFA21 / LF11 / KDOW1 / RW21 Woltz / Ambulanz Woltz / Police

 

Wetter aktuell

CISLAC Extranet

Angemeldet bleiben