Freitag, 02 May 2025
  • '
    '

    CISLAC

    Mer ginn vir Eech duerch d'Feier!

  • '
    '

    First Responder

    Séier a kompetent Hëllef vir d'Leit aus der Stauséigemeng & Ëmgéigend

  • '
    '

    Technesch Hëllef-Leeschtung

    Mer hëllefen bei Accident, Ongléck a Gefor. Doheem an Ënnerwee.

  • '
    '

    Brandschutz

    Virbeugen ier et ze spéit ass! Trainéieren vir den Eeschtfall!

  • '
    '

    Jugendpompjeeën

    Entente Jugendpompjeeën Uewersauer - Eis Zukunft!

A+ R A-

News

Porte ouverte vum CISLAC mat Grillfest

  • Veröffentlicht: Sonntag, 30. March 2025 17:49
  • Zugriffe: 52

Save the date !

Sonndes, den 1. Juni 2025 :

Porte ouverte vum CISLAC



D’Amicale Pompjeeën Stauséigemeng invitéiert Iech op d’Porte ouverte vum CISLAC, dem Centre d’Incendie et de Secours de la Communde du Lac de la Haute-Sûre, an der Aweiung vum néie Pompjeescamion, engem „Löschfahrzeug 2“ vun der neister Generatioun.

 

Wéini?

Den 01. Juni 2025 ab 10 :00

Wou?

Zu Harel beim Pompjeesbau: 5, rue Laach L-9655 Harlange

Programm:

  • 10:00 – 12:00
    • Offiziell Aweiung vum „LAC-LF21“
  • 11:30
    • Apero-Concert
  • 14:00 – 17:00
    • Demonstratioune vun Asaz-Zenarien
    • Ausstellung vun Asazgefierer aus der ganzer Ëmgéigend
      (Wolz, Wëntger, Bauschelt, Rammerech, Alebësch)
  • De ganzen Dag iwwer:
    • Interaktiv Atelieren (Firetrainer a Reanimatiouns-Workshop)
    • Animatioun fir d’Kanner  (Sprangschlass a Kinderfeuerwache)
    • Iessen a Gedrénks
    • Verkaf vu Feierläscher
    • Rekrutement vun néie fräiwëllege Pompjeeën

 

Kommt och Dir op d’Porte ouverte an d’Grillfest vun de Pompjeeën aus der Stauséigemeng. Egal op Dir um Hobby oder Beruff als Pompjee interesséiert sidd, oder just ee puer gemittlech Stonnen op engem Grillfest verbrénge wëllt, jiddereen ass Wëllkomm!

Bis geschwënn!

Jugendpompjeeën - Schnupperübung den 04/05/2024

  • Veröffentlicht: Freitag, 05. April 2024 07:55
  • Zugriffe: 396

Bass Du tëschent 6 an 16 Joer al, wëlls iwwer dech erauswuessen an gees zu Harel an d'Schoul?
Bass du un engem aussergewéinlechen Hobby interesséiert an wëlls du:

  • Mat Pompjees- an Ambulanzmaterial schaffen?
  • Mat engem Feierläscher kënnen e klenge Brand läschen?
  • En Noutruff korrekt ofsetzen?
  • Éischt Hëllef leeschten?
  • Interessant Visitten maachen?

Dann komm op eis Schnupperübung den 04/05/2024 zu Harel am CISLAC

» L-9655 HARLANGE, 7, rue Laach - 10:00 - 12:00 Auer

 

Visitt Cycle 1

  • Veröffentlicht: Donnerstag, 16. November 2023 20:07
  • Zugriffe: 445

De 14. November hate mir eng Visitt vun de Schoulkanner vum Cycle 1 aus der Regionalschoul Harel. D'Kanner kruten en Abléck an d'Pompjeeswelt , Informatiounen zu den Asaatzgefierer an zu der Ausrëschtung vum Pompjee selwer. Zu gudder Lescht duerfte se och nach selwer eng Hand mat upaken.

 

1. Hëllef-Cours an der Stauséigemeng

  • Veröffentlicht: Freitag, 01. March 2024 21:26
  • Zugriffe: 357

Dir sidd interesséiert un engem Éischt-Hëllef Cours deelzehuelen oder der wëllt äert Wëssen erëm opfrëschen?

Mer hunn Iech een Éischt-Hëllef Cours organiséiert, deen op 2 Samschdeger, den 20/04/2024 an de 27/04/2024, jeeweils vun 08:00 – 17:00 Auer, zu Harel am Pompjeesbau stattfënnt.

An dësen Owender léiert dir déi liewenswichteg Gesten fir enger Persoun an Nout ze hëllefen bei:

- Accidenter,
- Bluddungen,
- Bewosstlosegkeet,
- Häerzinfarkt,
- Hiereschlag,
- Verbrennungen,
- ...

Uschléissend kritt dir een Diplom. (Et ass keen Examen)

Dir kënnt Iech umellen iwwert den Internetsite vum CGDIS:
https://cours.cgdis.lu/page/module/2402/DEU/index.html?cache=no

Jugendpompjee am CGDIS! Firwat net du?

  • Veröffentlicht: Dienstag, 11. July 2023 20:01
  • Zugriffe: 845

>> D’Pompjeeën aus der Stauséigemeng sichen néi motivéiert Jugendpompjeeën. <<

 

Den 07. Juli hunn d’Pompjeeën aus dem CIS LAC, am Kader vum Schoulfest an der Regionalschoul Uewersauer, den jonken Schüler an zwee Atelieren d’Méiglechkeet ginn den Hobby vum Jugendpompjee besser kennen ze léieren.

Déi eeler Schüler haten d’Méiglechkeet selwer aus ze probéieren, wéi een e klengt Feier mat engem Feierläscher séier läschen, an esou Schlëmmeres verhënneren, kann. Zousätzlech konnten si hei eng adaptéiert Versioun vum Sportstest vum Pompjee ausprobéieren. Bei dëser Épreuve goung et drëm een Dummy ze evakuéieren an een Pompjeesschlauch mat engem Gewiicht ze zéien.

Fir déi méi Jonk war eng “Kinderfeuerwache” mat Pompjeesgefierer opgeriicht. Hei konnten sie sech fir een Moment wéi een richtegen Pompjee fillen!

 

Bass du tëschent 6 an 16 Joer al, wëlls iwwer dech erauswuessen an wunns an der Stauséigemeng?
Bass du un engem aussergewéinlechen Hobby interesséiert an wëlls du:

  • Mat Pompjees- an Ambulanzmaterial schaffen?
  • Mat engem Feierläscher kënnen e klenge Brand läschen?
  • En Noutruff korrekt ofsetzen?
  • Éischt Hëllef leeschten?
  • Interessant Visitten maachen?

 

Dann gëff och DU Jugendpompjee am CIS LAC!

 

Mir bidden:

  • eng Erfarung fir d'Liewen;
  • Ausbildung zum operationellen Pompjee ab 16 Joer;
  • interessant Aktivitéiten am Kader vun de Rettungsdéngschter awer och
  • Camp'en, sportlech Aktivitéiten an Ausflich

 

Méi Informatiounen kritt Dir beim Chef de centre, dem Thierry Schon:

Tel.: 49771 5426
E-Mail: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

 

Impressiounen vum Schoulfest:

Wetter aktuell

CISLAC Extranet

Angemeldet bleiben