Samstag, 27 April 2024
  • '
    '

    CISLAC

    Mer ginn vir Eech duerch d'Feier!

  • '
    '

    First Responder

    Séier a kompetent Hëllef vir d'Leit aus der Stauséigemeng & Ëmgéigend

  • '
    '

    Technesch Hëllef-Leeschtung

    Mer hëllefen bei Accident, Ongléck a Gefor. Doheem an Ënnerwee.

  • '
    '

    Brandschutz

    Virbeugen ier et ze spéit ass! Trainéieren vir den Eeschtfall!

  • '
    '

    Jugendpompjeeën

    Entente Jugendpompjeeën Uewersauer - Eis Zukunft!

A+ R A-

News

Diplomiwwerreechung 1. Hëllef Cour

  • Veröffentlicht: Dienstag, 03. March 2020 10:06
  • Zugriffe: 2770

De 11. Februar 2020 sinn zu Harel am Pompjeesbau d'Diplomer vum 1. Hëllef Cour Iwwerrescht ginn. De Cour hat well am November 2019 ugefaangen an huet sech iwwert 16 Stonnen erstreckt. E grousse Luef un d'Kandidaten déi sech op dësem Wee vir hier Matmënschen asetzen!

En 1. Hëllef Cour kann an Noutsituatioune Liewe retten! Wann dir Eech och vir esou e Cour interesséiert oder weider Informatiounen dozou wëllt hunn da kuckt um Internetsite vum CGDIS: Link

 

 

Präismaskebal 2020

  • Veröffentlicht: Donnerstag, 27. February 2020 20:00
  • Zugriffe: 1454

Gewënner Virverkaf Präismaskebal Amicale Pompjeeën Harel:

1. Präis, 100€: Nr. 761
2. Präis, 75€: Nr. 114
3. Präis, 50€: Nr. 378

Gewënner sollen sech um Telefon 621 311 857 mellen.

Réckbléck op d'Porte Ouverte

  • Veröffentlicht: Freitag, 27. September 2019 13:27
  • Zugriffe: 2254

Den 22. September 2019 huet de CISLAC seng 1. Porte Ouverte organiséiert. Ziel war et de Leit en Abléck an d’Rettungswiesen ze ginn. De ganzen Dag iwwer konnt Jiddereen sech e Bild vum Rettungsdéngscht aus der Stauséigemeng maachen an e bëssen hannert d’Kulisse kucken. D’Memberen aus dem Zenter stoungen de Leit Ried an Äntwert an hunn Erklärungen zum ausgestallte Material ginn.

Des Weidere goufen et Presentatiounen zum richtegen Ëmgang mam Defibrillator an et konnt ee séin Wëssen a Punkto Reanimatioun opfrëschen. Hei sinn et dann och Informatiounen zum First Responder Service vum CISLAC ginn.

Spektakulär waren d ‘Demonstratiounen zum korrekten Ëmgang mam Feierläscher. Wat geschitt wann een e Fettbrand mat Waasser läscht? Wéi verhält sech eng Spraydous wann et ronderëm brennt? Wéi kréien ech de Brand mam Feierläscher ënner Kontroll bruecht? Alles dat konnt een sech live op der Platz ukucken. Zousätzlech zu den Erklärungen a Virféierunge konnt och Jidderee selwer den Ëmgang mam Feierläscher üben.

D’Pompjeeë sinn awer net nëmme vir déi Erwuessen. Ab 8 Joer kann ee bei de Jugendpompjeeë matmaachen. Eng flott Fräizäitbeschäftegung bei där een, zesumme mat senge Kollegen, eppes vir d’Liewe léiert. An engem klengen Atelier konnten d’Kanner sech heivunner e Bild maachen.

Dir oder är Kanner sinn interesséiert am Rettungsdéngscht mat ze maachen, der grousser Famill vum CGDIS bei ze trieden, an sou äre Matmënschen e wäertvollen Déngscht ze bidden? Dann zéckt net a mellt Eech bei eis. Gäre gi mir Eech weider Explikatiounen.

PP

 

E puer Andréck vun der Porte Ouverte:

 

Stuerm CIARA / SABINE

  • Veröffentlicht: Montag, 10. February 2020 19:50
  • Zugriffe: 2874

Wéi ugekënnegt huet de Stuerm Ciara / Sabine am laf vum Nomëtteg vum 09. Februar och Lëtzebuerg getraff. Meteolux hat an dësem Kader souguer eng "Alerte Rouge" vir d'ganz Land eraus ginn.

De Bilan no 24 Stonnen: 17 Asätz si gefuer ginn, an der Haaptsaach wéinst emgefalene Beem an doduerch blockéierte Stroossen, awer och wéinst Ofspärunge vu Chantieren déi duerch de staarke Wand an d'Strooss gefall waren.

Ab ongeféier 21:30 Auer e Sonnden bis 11:00 Auer e Méinden de Moie war dann och déi lokal Zentral am Pompjeesbau, de sougenannten "Poste Fixe" besat, vu wou aus d'Asätz an der Gemeng koordinéiert gi sinn.

Déi genau Oplëschtung & Dokumentatioun vun den eenzelnen Asätz kënn Dir hei noliesen.

Liest hei den Artikel vun RTL betreffend de Stuerm.

 

 

Wetter aktuell

CISLAC Extranet

Angemeldet bleiben