Porte Ouverte am CISLAC
- Veröffentlicht: Donnerstag, 05. September 2019 16:55
- Zugriffe: 1970
E Freideg Owend, de 25. Mee, ass zu Béiwen eng grouss ugeluechten Übung ofgehale ginn. An engem Méifamilljenhaus ass en Daachstullbrand simuléiert ginn. Beim Antreffe vun den 1. Rettungsequipen op der Platz sinn se vum Meedchen aus dem Haus gewuer ginn, dass de Papp um Späicher eng Gasfläsch wollt uschléissen. Et hätt dunn hefteg geknuppt an elo wär am Haus alles voller Damp. D'Mam an de Papp wäre säit deem Moment net méi ze fannen.
Direkt hunn sech e puer Otmeschutztruppen equipéiert vir an d'Haus eran ze goen. Um Wee vir op de Späicher konnt d'Fra aus dem Haus bewosstlos opfonnt ginn. Si gouf iwwert d'Trapenhaus evakuéiert a bausse vun de Rettungsdéngschter weider versuergt.
Um Späicher konnt e Brand lokaliséiert a geläscht ginn. Gläichzäiteg hunn baussen 2 Equipe, eng virum Haus, an eng hannendrun, dofir gesuergt, dass d'Feier net op en ugebauten Haus konnt iwwergräifen.
Schlussendlech ass de Mann aus dem Haus iwwert d'Dréileeder aus dem 2. Stack eraus evakuéiert ginn.
Un der Übung huet nieft dem CISLAC och de CIS Wolz deel geholl.
Um Sonndeg Moien vum 10. Februar ass et an enger Residenz zu Harel zu enger Dampentwécklung un enger Heizungsanlag komm. Enner Asaatz vu schwéierem Otemschutz konnt d'Ursaach detektéiert an den Asaatz innerhalb vu kuerzer Zäit ofgeschloss ginn. D'Gebai gouf uschléissend belëft.
Asaatz-Stéchwuert: |
B2 |
Asaatz-Platz: | HARLANGE, rue Mgr. Fallize |
Mannschaftsstäerkt: | 13 |
Asaatz-Mëttel: | ![]() ![]() ![]() ![]() |
Ënnerstëtzung: |
Bauschelt / Wolz / Ambulanz Rammerëch / Police Wolz |
Um Sonndeg, den 10. Mäerz 2019, ass de Stuerm "Eberhard" iwwer Lëtzebuerg gezunn. Och d'Stauséigéigend ass vum Stuerm getraff ginn. Vill Beem sinn doruechter ëmgefall an hunn d'Stroosse blockéiert. Op insgesamt 15 Asätz ass de CISLAC innerhalb vun e puer Stonne gefuer fir allkéiers d'Verkéiersweeër erëm frei ze raumen. Verschidde Stroossen hunn trotzdeem misse gespaart gi well et duerch de ville Wand ze geféierlech war op deene Platzen d'Beem ewech ze huelen.
Vir déi vill Asätz ze koordinéieren war während 6 Stonnen déi lokal Zentral am Pompjeesbau besat.
E Freiden, den 23. November 2018 ass de CISLAC géint 11:20 Auer geruff ginn vir no enger vermësster Persoun ze sichen. Eng Sektioun, bestoend aus 6 Mann, huet sech un der Sich bedeelegt an e Gebitt lanscht de Stauséi zu Lëlz oofgesicht.
Asaatz-Stéchwuert: |
### |
Asaatz-Platz: | LULTZHAUSEN |
Mannschaftsstäerkt: | 6 |
Asaatz-Mëttel: | ![]() ![]() |
Ënnerstëtzung: |
Police / Police-Schoul / Taucher CGDIS / Groupe dépollution Stauséi |